+352 24 51 48 11 mail@praxis-dahm.lu

Kannerzännmedezin

Ech kommen ëmmer gär bei Dech…

Zänndokter ouni Angscht

Huelt Äert Kand esou fréi wéi méiglech mat

Wien vun klengem un ufänkt, entwéckelt och keng Angscht

Gesond Zänn an den Opbau vun enger gudder Zännhygiène fänken schonn un, wann deen éischten Mëllechzant bis eraus kënnt.

Bréngt Äert Kand dofir gären ab deem éischten Zännchen mat op Ären Kontroll-Rendezvous an huelt him esou vun Ufank un déi onberechtegt Angscht virum Zänndokter. Duerch eis Spezialiséierung op jonk Patienten an a Kombinatioun mat eiser kannerfrëndlecher Atmosphär kann de Rendezvous dann am Fall vun tatsächlechem Behandlungsbedarf an engem angeneemen an angschtfräien Kader stattfannen.

Duerch kandgerecht Erklärungen a Gedold geléngt et eis och déi klengst Patienten zu enger gudder Mataarbecht ze motivéieren an esou de Grondsteen fir hir liewenslaang Zänngesondheet ze leen.

 

This site is registered on wpml.org as a development site.