+352 24 51 48 11 mail@praxis-dahm.lu

Oralchirurgie

Wäisheetszänn, Verloscht vun Kiferschank, Kysten an Tumoren

Oralchirurgie

Wann d’Wäisheet engem Problemer mécht… Gären beroden mir Iech bei allen Froen iwwert Är Wäisheetszänn an/oder de Verloscht vun Kiferschank

Alles kee Problem fir den Oralchirurg

Eng grëndlech Anamnese, professionell Opklärung an Suivi sinn bei eis souwuel bei einfachen, wéi och bei méi komplexen operativen Agrëffer Standard. Duerch präziist, minimalinvasivt chirurgescht Virgoen an ënner Lokalanästhesie, kennen all Är Wäisheetszänn an enger eenzeger Sitzung direkt bei eis an der Praxis erausgeholl ginn. Mir behandelen och Risiko- an Angschtpatienten an eiser Praxis.

De Verloscht vun Kiferschank, sief en krankheets- oder medikamentéis bedéngt, stellen fir den spezialiséierten an erfuerenen Zänndokter an der Oralchirurgie kee Probleem duer. Duerch modernst, steril Behandlungsmethoden sinn Schankopbau (z.B. Sinus-Lift) an esouguer Schanktransplantatiounen méiglech.

 

Zu eisen weideren oralchirurgeschen Leeschtungen zielen e. a.

  • Erausoperéieren vun Kysten an Tumoren
  • Wuerzelspëtzenresektiounen
  • Chirurgesch Krounenverlängerungen
  • Fräileen vun Zänn, déi nach am Kifer leien, fir duerno kiferorthopedesch op déi richteg Plaz ze zéien

 

This site is registered on wpml.org as a development site.