+352 24 51 48 11 mail@praxis-dahm.lu

Kiferorthopedie

Kiferorthopedie – Gebëss- an Kiferanomalien, Feelstellungen vun den Zänn

Mir stellen do mol eppes

riicht…

Ze no beieneen, ze wäit auserneen, ze schif… Feelstellungen vun den Zänn kënnen sech op de ganzen Kierper auswierken. Mir sinn prett fir op all Är Froen ze äntweren.

Et ass alles eng Saach vun gudder Astellung

Am Beräich vun der Kiferorthopedie (dozou zielen Gebëss- an Kiferanomalien, wéi och Feelstellungen vun den Zänn), bidden mir Iech ofgestëmmten Behandlungen, net nëmmen fir Kanner, mee och fir Jugendlecher an Erwuessener un. Ofgesinn vum ästheteschen Aspekt kennen schif an net genau openeen passend Zänn zu enger Iwwerbelaaschtung vun der Kna-Muskulatur féieren an esou d’Ursaach vun Verspanungen, Kappwéi, Ofnotzen vun den Zänn an Funktiounsstéierungen vum Kifergelenk sinn.
D’Kiferorthopedie erméiglecht Bësskorrekturen, nees Zoumaachen vun Lücken (bei feelenden Zänn oder wann insgesamt net genuch Zänn do sinn), souwéi d’Behandlung vun Engstänn (wann d’Kiferschank ze kleng an net genuch Plaz fir all d’Zänn ass).

 

Et steet eng Abberzuel un souwuel eraushuelbaren, wéi och festsëtzenden Apparaturen (e. a. Zännspangen, Schinnen, Retainer) fir kiferorthopedesch Behandlungen zur Verfügung. Mat Hëllef vun Knirschschinnen kënnen ausserdeem Kifergelenksprobleemer, Stéierungen vun der Kna-Muskulatur (Bruxismus) an Aschränkungen vun der Mondbeweeglechkeet therapéiert ginn.

Frot Iech gären ee Berodungs-Rendezvous bei eis fir dass mir mat Iech zesummen no enger individuell ugepasster Léisung sichen kënnen.

This site is registered on wpml.org as a development site.