+352 24 51 48 11 mail@praxis-dahm.lu

Kontroll

Wellness fir Är Zänn – einfach ee gutt Mondgefill

Mondgeroch?

Mir ginn op all Är Froen an,
an beroden Iech gären fir e frëschen Otem.

Kontroll – Weist eis emol w.e.g.

Och Är Zänn brauchen vun Zäit zu Zäit ë bëssen Wellness. Dofir sollt Dir a reegelméissegen Ofstänn (mindestens eemol d’Joer) Är Zänn kontrolléieren a professionell botzen loossen – souguer wann Dir keng besonnesch Beschwerden hutt.

Fir Är Zänn op Dauer ze fleegen an ze erhalen ass et wichteg Zännsteen, Beleeg a Verfierwungen ewechzemaachen. An engems kënnen esou eventuell Zännfleeschproblemer mat Zäit erkannt a behandelt ginn.

Duerch eng optimal Virsuerg kann eng gesond Mondhygiene opgebaut a Problemer wéi Karies oder Mondgeroch zum gréissten Deel vermidden ginn.

Virsuergen ass ëmmer besser ewéi heelen!

This site is registered on wpml.org as a development site.