+352 24 51 48 11 mail@praxis-dahm.lu

E stralend Zännerliefnis

Allgemeng, kosmetesch an rekonstruktiv Zännmedezin

Telefon

+352 24 51 48 11

Adress

120, rue du Cimetière
L-8018 STRASSEN

Kontaktéiert eis

Wëllkomm an der Zänndokteschpraxis Dr Jang Dahm

Häerzlech Wëllkomm an eiser Praxis. Mir freeën eis iwwert Äre Choix d’Gesondheet vun Ären Zänn an eis Hänn ze leen.

Ee motivéiert a kompetent Team këmmert sech zesummen mat eisen Zänndokteren ëm d’Erhalen oder d’Ersetzen vun Ären Zänn.

Eis Schwéierpunkten a fachlech Kompetenzen leien an der Implantologie, der Parodontologie, der Oralchirurgie (e. a. Schankopbau, Schanktransplantatiounen, Eraushuelen vun Wäisheetszänn), souwéi an der Kiferorthopedie an an der Kannerzännmedezin.

Eng detailléiert Opklärung mat uschléissender professioneller Berodung sinn eis Basis fir Ären perfekten an ganz individuellen Therapieusaatz.

Gären kënnt Dir telefonesch ee Rendezvous bei eis huelen ënner:
+352 24 51 48 11

Op ee schéint a gesond Laachen!

Neisten Technik

D’Benotzen vun engem Intraoralscanner erlaabt eis eng héchst präzis an minimalinvasiv Aarbecht, wat d’Interventioun méi angeneem mécht an den klasseschen Ofdrock ersetzt. Duerch d’reegelméissegt Deelhuelen un Formatiounen sinn mir ëmmer um leschten wëssenschaftlechen Stand an Dir kënnt Iech sécher sinn, dass d’Behandlungen ëmmer dem neisten techneschen Standard entspriechen.

Innovativ Technik

Mat Hëllef vun eisem topmodernen 3D-Röntgenapparat kréien mir eng Komplettusiicht vun Ärem Kifer an esouguer déi klengsten Problemer kënnen sécher diagnostizéiert ginn. Sou kënnen mir oralchirurgesch Agrëffer ganz präzis an effektiv plangen an duerchféieren.

Spezialiséiert

Mir huelen Är Zännproblemer ganz eescht an begleeden Iech vun der Diagnose, iwwert d’Fannen vun enger adequater Léisung bis hin zu engem nees gesonden Laachen. Duerch Empathie an Vertrauen hëllefen mir och Patienten mat Wéi nees zu engem neien, gudden Zänngefill.

Eis Leeschtungen

Kontroll

Oralchirurgie

Implantater

Kiferorthopedie

Parodontologie

Kannerzännmedezin

Rotschléi fir d’Fleeg vun Ären Zänn

Net ze broseleg!

Huelt Iech genuch Zäit fir Är Zänn ze botzen! Passt drop op, dass Dir an allen Quadranten net nëmmen d’Kna-Flächen, mee och d’Zännbannen- an d’Zännbaussensäiten grëndlech botzt. Übt nëmmen liichten Drock aus an botzt a kreesfërmegen Beweegungen.

Déi richteg Zännbiischt ass wichteg.

Entscheet Iech fir eng Zännbiischt mat mëllem Biischtenkapp! Eng ze haart Zännbiischt reizt Äert Zännfleesch onnéideg. Miniméiert den Drock beim Botzen!

Passt op Äert Zännfleesch op!

Wann Dir feststellt, dass Dir ëmmer erëm Zännfleeschbludden hutt, dann frot Iech am beschten een zousätzlechen Kontroll-Rendezvous.

Denkt un d‘Zännseid!

Benotzt och Zännseid an Interdentalbiischtercher, well d’Bakterien sammelen sech oft tëschent den Zänn, wou een mat enger normaler Zännbiischt net esou gutt hikënnt fir ze botzen.

Är Zänn soen Iech Merci.

Eis Zänndokteren

Spezialisten, Beroder, „Handwierker“

Dr Jang DAHM

Zänndokter, Spezialist fir Oralchirurgie, Implantologie

Dr Lynn CLEMENT

Zänndoktesch, Spezialistin fir Kiferorthopedie an Kannerzännmedezin

Soine a kiferorthopedesch
Behandlungen fir déi ganz Famill

N

Gerontoprothetik

N

Kannerzännmedezin

N

Kiferorthopedie

Komplettversuergung vun Ären Zänn

Mir behandelen net nëmmen, mir beroden Iech och gär bei all Ären Froen iwwer d‘Zänn an e gutt Mondgefill.

 

Sou fannt Dir eis am beschten…

Telefon: +352 24 51 48 11

Ëffnungszäiten

 09:00 – 12:00 u. 13:30 – 17:30
   08:00 – 12:00 u. 13:30 – 17:00
                              12:00 – 18:30
Do   07:30 – 15:00
Fr    07:30 – 12:00 u. 14:00 – 18:00

Consultatiounen nëmmen op Rendezvous

Fir d’Waardezäiten op e Minimum ze reduzéieren an d‘Ofstandsreegelen anzehalen, bieden mir Iech e Rendezvous ze huelen.

This site is registered on wpml.org as a development site.